Home
Home
Podcasts
Podcasts
Library
Cancel
Sign in
Driving Dreams
Losch Luxembourg
Follow
Schalt e Gang erop a leet Iech zréck! Hei huelen mir Iech, zseumme mat interessante Gäscht mat an déi spannend Welt ”Faszinatioun Automobil”.
read less
Leisure
Leisure
Start Here
Jun 18 2021
De Jacques Lanners huet eis säi Porsche 911 T Targa aus dem Joer 1972 matbruecht.
De Jacques Lanners ass passionéierte Frënd vun Oldtimer a virun allem vu Porsche. Hien huet eis fir dëse Podcast säi Porsche 911 T Targa aus dem Joer 1972 matbruecht. Säin Targa huet en 2,4 Boxer Motor mat 140 Päerd.
Episodes
Jun 18 2021
De Jacques Lanners huet eis säi Porsche 911 T Targa aus dem Joer 1972 matbruecht.
De Jacques Lanners ass passionéierte Frënd vun Oldtimer a virun allem vu Porsche. Hien huet eis fir dëse Podcast säi Porsche 911 T Targa aus dem Joer 1972 matbruecht. Säin Targa huet en 2,4 Boxer Motor mat 140 Päerd.
Oct 14 2021
Den Dylan Pereira sëtzt hannert dem Steier
Den Dylan Pereira ass Rennfuerer a gouf am leschte Joer Vizechampion am Porsche Mobil1 Supercup. Fir de Podcast si mir mam Dylan sengem Porsche 718 Cayman T op der Nordschleife um Nürburgring ënnerwee.
Oct 14 2021
D‘Christine Majerus sëtzt hannert dem Steier
D'Cyclistin ass eng vun de renomméiertste Lëtzebuerger Sportlerinnen a war schonn dräi Mol bei den Olympesche Spiller mat derbäi. Fir säi Gefier op véier Rieder setzt d'Christine op säi Skoda Karoq. De perfekte Won fir wäit Strecken, mat deem hat iwwerall hikënnt.
Oct 15 2021
De Walter Röhrl sëtzt hannert dem Steier
De Porsche-Fuerer war fir d'Luxembourg Classic op Besuch an huet sech Zäit geholl, mat eis ze schwätzen.
Nov 15 2021
D‘Sophie Mousel sëtzt hannert dem Steier vum neie Q4 E-tron
Wou d'Lëtzebuerger Actrice, aus der Netflix Serie Capitani lieft a wat se alles esou nieft der Schauspillerei an dem Theater mécht, gëtt et an dëser Episode.
Dec 14 2021
De Jeff Oberweis sëtzt hannert dem Steier vum neie VW ID.4.
De Jeff Oberweis zaubert Lëtzebuerg schonn zanter ville Jore kulinareschen an eemolege Genoss op den Teller. Léiert de sympatesche Patissier hei méi no kennen.
Mar 23 2022
De Charel Grethen sëtzt hannert dem Steier vum Golf GTI
De Lëtzebuerger Sportler vum Joer 2021, huet et zu Tokyo op den Olympesche Spiller bis an déi grouss Finall gepackt.
Apr 18 2022
De Roberto Gomez sëtzt hannert dem Steier vum VW ID3.
De Spuenier deen zanter Joren zu Lëtzebuerg lieft, reest mat senger ganzer Famill am E-Auto duerch Europa, fir seng Experienz mam Grand-Duché ze presentéieren.
May 15 2022
De Carlos Rivas sëtzt hannert dem Steier vun engem Porsche
De Pro-Am Champion vum Däitsche Carrera Cup huet eis zu Spa Francorchamps mat op en Tour geholl.
Jul 5 2022
De Paul Philipp sëtzt hannert dem Steier vun engem Volkswagen ID5
De Präsident vun der FLF zielt eis Anekdoten iwwert seng aktiv Zäit als professionelle Futtballist a senge Missiounen déi en haut bewältegt.
Sep 26 2022
Sarah De Nutte an d‘Ni Xia Lian am E-tron GT vun Audi
Eng Medail no der anerer bréngt den Duo mat an de Grand-Duché. Léiert déi zwou sympathesch Dëschtennisspillerinnen an hire Manager an hei méi no kennen.
Nov 7 2022
De Richy Müller sëtzt hannert dem Steier vu sengem Targa
Mir schwätze mam Däitsche Schauspiller iwwert seng Roll am Tatort a senger Léift zu Porsche an dem Rennsport
Dec 5 2022
De Raphael Fiegen sëtzt hannert dem Steier vum VW Multivan
De Lëtzebuerger Musher huet mat senge Kolleegen op 4 Patte scho sëlleg Aventuren hannert sech. Geschwë kënnt och säin Documentaire "The Law of three" eraus.
Dec 27 2022
De Michel Welter vum Atelier sëtzt hannert dem Steier vum Cupra Born
Zanter den 90er entstinn am Atelier vill onvergiesslech Geschichten Haut schwätze mir mam Michel Welter, Gerant An Associé vum Atelier, iwwert seng ganz eege Storyen déi en hei erlieft huet!
Apr 3 2023
Mir waren zu Los Angeles beim Magnus Walker a senger Porsche Sammlung
Bei villen Experten zielt de Magnus Walker als "de" wichtegste Porsche Sammler aus den USA. Mir hunn de passionéierte Porsche Kënschtler zu L.A. kenne geléiert.
May 2 2023
De Claude Lamberty sëtzt hannert dem Steier vum Cupra Formentor VZ5
De President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun huet mat eis iwwert d’Innovatioune vun der Tenniswelt geschwat.
Jul 2 2023
De Samy Picard sëtzt hannert dem Steier vum Audi Q8 e-tron
De Samy Picard President vun der Lëtzebuerg Baskettsfederatioun huet mat eis iwwert seng Karriär geschwat a wéi eng Challengen haut op hie waarden.
Sep 18 2023
Losch Night – Mir souzen hannert dem Steier vum VW T1
Losch huet 75 Joer gefeiert an an deem Kader hu mir mat enger Rëtsch vu gudde Frënn geschwat déi d’Institutioun an de leschte Joer geschloss huet.
Oct 22 2023
De Julien Henx sëtzt hannert dem Steier vum VW T-Roc R
Den 28 Joer jonke Schwëmmer huet Lëtzebuerg schonn dacks op den internationale Büne konnte representéieren! Eng sëlleg National Rekorder, en immenst Talent a säin eemolege Punk Look maachen de Julien zu engem eemolegen Ambassadeur fir de Grand-Duché!
Nov 19 2023
Happy Birthday 10 Joer Losch Truck Van & Bus
An dëser Episode feiere mir 10 Joer Losch Truck, Van & Bus an hunn ënnert anerem mam Harald Borrelbach vu Voyages Emile Weber, dem Laurent Schandeler vun Demy Schandeler an dem Steve Stephany von Autobus Stephany geschwat.